4 
MuseoMag   N°II 2025 
Yann Tonnar: „Ee glécklechen Zoufall war dass dem Fresez säi Format quasi dem Standard Format vun der haiteger 
Fotografie (2:3) entsprécht, an och dass seng Perspektiven zum Deel (net ganz) foto grafesch stëmmen.“ 
„ENG AUSERNANERSETZUNG 
MAT DER ZÄIT VUN DER FESTUNG“ 
De Musée Dräi Eechelen ass dëst Joer beim European Month of Photography (EMOP) 
derbäi, mat La cité transparente, e Projet vum Yann Tonnar 
De Moler Jean-Baptiste Fresez huet seng 
Lithografien, déi zum Deel onerwaarte Vuen aus 
der Haaptstad weisen, ëm 1829 realiséiert, also 
nach relativ am Ufank vu senger Karriär. Wat 
war den Uräiz fir en artistesche Projet op Basis 
dorobber ze maachen? 
Ech war amgaang um Fotosbuch vum Projet 
Stadtrand ze schaffen an hunn eng Iddi gesicht fir 
d’Couverture dovunner. Éischter wei eng Foto aus 
dem Wierk ze huelen, hunn ech geduecht et kéint 
interessant sinn eng al Vue vun der Stad ze huelen. 
Aus iergendengem Grond hunn ech an der Ver- 
gaangenheet al Vuë vun der Festung gesammelt 
an hunn e Bou mat de Facsimiléë vum Fresez a 
Bernard hiren 9 Vues de Luxembourg aus dem 
Schaf geholl. Ech hat dunn eng Zort «Geistesblitz» 
wou ech mer gesot hunn: ee Moment – dei Point- 
de-vuë ginn et jo nach. An et kéint interessant sinn 
déi haut, bal 200 Joer méi spéit, nach emol op- 
zesichen, ze fotograféieren an déi Saachen iwwer- 
teneen ze leeën. Ganz inspiréiert an opgewullt sinn 
ech dunn direkt un engem ganz waarme Summer- 
dag eng éischte Kéier déi 9 Punkten opsichen a fo- 
tograféiere gaang. 
Ginn et grouss Ënnerscheeder tëscht dem Fresez 
sengen Opnamen an deenen déi Dir gemaach 
hutt? 
Grouss Ënnerscheeder, awer och vill Similituden. 
Ouni Iwwerraschung ass dee gréissten Aschnëtt an 
d’Stadbild d’Schläifung vun der Festung, mee och 
d’Eisebunnsbréck. Ee glécklechen Zoufall war dass 
dem Fresez säi Format quasi dem Standard Format 
vun der haiteger Fotografie (2:3) entsprécht, an och 
dass seng Perspektiven zum Deel (net ganz) foto- 
grafesch stëmmen. Eng schéi Surprise ass ëmmer 
wann een en Haus entdeckt, wat nach ëmmer op där 
selwechter Plaz steet, a genau iwwertenee passt. 
Fir mech perséinlech war et awer och eng Auser- 
nanersetzung mat der Zäit vun der Festung, an 
d’Aliichtung dass d’Festung, déi een haut romanti- 
© 
éric chenal