34 MuseoMag N°IV 2024 © natalia sanchez De Schräiner Biver: “Wann Dir lo an d’Bett gitt, an Dir leet Iech… da weess ech net op Dir nach eng Kéier erwächt!” “LEET IECH NIMOOLS AN D’BETT!” Eng Taass Téi mam… Schräiner Biver Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen a sech net just op Bicher an Artikele bezéien ze mussen. Genau déi Éier hat ech dëse Summer: en direkten a ganz éierlechen Interview mam Schräiner Biver bei enger Taass Téi. Gudde Moie Schräiner Biver! Ech hunn Iech an Ärem Schlof erwächt… dat deet mir fuerchtbar leed… Wéi geet et Iech? O jo, Donneschdes Mueres ass deen Dag wou ech kann ausschlofen… Bon, ech hätt léiwer geschlof, mee ech verkraaften et. Mir hunn héieren, Dir hutt sou eng schéi Melodiichen gesongen, ass dat e bestëmmte Lidd, oder just dat wat Iech an de Kapp kënnt, Moies fréi beim Fäerdegmaachen? T‘ass bal ëmmer déi Nämmlecht… [laacht verleeën] .. wann ech Pippi maache ginn, kënnt déi mir sou an de Kapp. An dann huelen ech jo mäi Pottschamp do, also pot de chambre, an da geheien ech deen zur Fënster raus. O! Ass dat da schonn engem op de Kapp gefall? Nee, nee, nee, ech passe gutt op. Also Dir musst do och oppassen. Dir hutt jo wuel schonn héiere vun dem neie Gesetz? Wann een nëmmen eng Drëps op d’Schong kritt, da kann een e Steen huelen