19 N°III 2024 MuseoMag en eegent Kapitel méi Opschloss doriwwer gëtt. D’Materialtechnik confirméiert eis dem Kënschtler seng ënnerlech Konflikter an Ausernanersetzunge mat senge Kreatiounen. D’raimlech Envergure vum Projet – an de Kutter- Säll – huet eis erlaabt d’Präsentatioun op eng al- ternativ Aart a Weis unzegoen. Nohaltegkeet an der Kultur ass eppes mat deem mir eis als Musée och aktiv ausernee setze wëllen. Verschidde vun eise Missioune sinn d’office an eng nohalteg Demarche ageschriwwen: selektiv sammelen a fir d’Zukunft bewaren souwéi eng Educatiouns- an Integratiouns- roll. Dës reie sech deelweis schonns an déi 17 Nohaltegkeetsziler vun den UNO an. Als ëffentlech Institutioun spille mir eng aktiv Roll an der Gesell- schaft déi e positiven Impakt bewierke kann an droen d‘Responsabilitéit vum Ureeger als National- musée (Zil n° 4: eng héichwäerteg Bildung). REFUSE-REPURPOSE Eng responsabel Consommatioun a Productioun (Zil n° 12) vun eisem Projet ass iwwert de Prinzip vu Refuse-reduce-reuse-repurpose-recycle gelaf: Mir hu bewosst op extern Prête vu wäit hier verzicht och wann se pertinent fir eisen Narrativ gewiescht wären. Dës Ausstellung war och d’Occasioun fir en neien Apakmodell ze teste mat komplett weiderverwäert- bare Materialien. Fir d’Szenografie hu mir eis deci- déiert déi blo Mauere vun der Unger-Ausstellung weiderzebenotzen, an och al Elementer aus aneren Expoen ze recuperéieren. D’Vitrinnen, Kaderen a Sockelen si schonns méi laang standardiséiert fir eng einfach Réutilisatioun. Och d’Ausstellungstexter op Stoff wäerten entweder an aneren szenografeschen Installatiounen oder als upgecycled Artikelen an eisem Muséesshop eng Weiderverwendung fannen. De Reschtoffall wäert schlussendlech no der Ausstellung recycléiert ginn. Well schonns sou vill iwwert de Kutter a säi Wierk geschriwwe gouf, hu mir dann och op en neie Katalog verzicht. Méi grouss Karteller kontextuali- séiere verschidde Wierker an erlaben dem Visiteur trotzdeem méi déif an de Sujet anzetauchen. Weider Moossname fir de Klimaschutz (Zil n° 13) si mir schonns d’lescht Joer am Wanter ugaan- gen. Mir sinn 2 Grad mat der Temperatur am Musée rofgaang fir Heizung a Klimatisatioun ze spueren. Mëttlerweil si mir och schonns wäitleefeg op Led- Luuchten ëmgestigen. Ausserdeem fänkt eis Botz- equipe réischt um 8 Auer mat schaffen un, och wann dat heescht, datt si dann nach amgaang si wann de Musée bis op ass. Mee sou spuere mer all Dag zwou Stonne Beliichtung. Obwuel eise Musée nach keen niddergeschriwwent Nohaltegkeetskonzept huet, si mer amgaang op verschiddenen Niveaue Projeten auszeschaffen, déi alternativ Richtunge ginn. Oft ass dat e Léierprozess vun trial and error bis datt e Konzept kann imple- mentéiert ginn. Ausserdeem ass eng intern an extern Kommunikatioun a Collaboratioun gefrot fir sou vill wéi méiglech Leit an Institutiounen am Kultursecteur anzebannen an de néidegen Austausch ze fërderen. Lis Hausemer a Muriel Prieur Dem Kutter seng Gesiichter Nei Facettë vun eiser Sammlung bis zum 01.09.2024 am Nationalmusée um Fëschmaart