18 
MuseoMag   N°III 2024 
D’raimlech Envergure vum Projet huet eis erlaabt d’Präsentatioun op eng alternativ Aart a Weis unzegoen. 
KUTTER RELOADED! 
De Champion kontextualiséieren an nohalteg ausstellen: eng Erausfuerderung fir d‘Regie 
an d‘Konschtabteilung 
© 
éric 
chenal 
Mat der Ausstellung Dem Kutter seng Gesiichter war 
eist Uleies, de Champion am Kontext vum Rescht 
vun eiser Kutter-Sammlung ze weisen. Trotzdeem 
sollt et keng traditionell chronologesch Präsenta- 
tioun zum Gesamtwierk vum Kënschtler sinn, wéi 
dat schonns 1946, 1961, 1995 oder nach 2007 de 
Fall war. Wat besser wéi de Champion den anere 
Portraite géigeniwwer ze stellen? Dem Kutter seng 
Gesiichter mécht deemno Referenz op d’mënsch- 
lech Duerstellungen, mee och déi verschidde Facettë 
vum Kënschtler selwer sou wéi och nei Aspekter an 
der Recherche zu sengem Wierk. Och huet sech de 
Moment gebuede fir eng aner Approche zu eiser 
Ausstellungskonzeptioun ze probéieren. 
Niewent de bekannte Blummebiller a Landschaften, 
huelen d’Portraiten déi gréisste Plaz am Kutter 
sengem Gesamtwierk an. Vu senge fréien Ufäng 
a senger Studienzäit zu München mat méi enger 
akademescher Molweis bis zu den ikoneschen Duer- 
stellungen aus den 30er Joren, huet den National- 
musée eng vun de bedeitendste Kutter-Sammlungen 
iwwerhaapt. E wichtegen Deel dovunner gouf eis 
2009 vun der Catherine Meyer-Kutter, dem Moler 
senger Duechter, hannerlooss. 
An thematesche Kapitele weist d’Ausstellung als 
éischt déi ausgeräiften expressionistesch Wierker 
wou dem Kënschtler säin typesche markante Stil 
besonnesch gutt ze erkennen ass. Donieft fënnt 
een och de Kutter als Familljemënsch mat enger 
Rei méi intimisteschen Zeechnungen, wéi och 
Biller déi seng emotionell Isolatioun an der 
Krankheet refletéieren, oder nach d’Geschicht 
vum Haus vum Kënschtler – der berüümter Villa 
Kutter um Lampertsbierg. D’Rezeptioun vum Kutter 
sengem Wierk am Nationalmusée gëtt schliisslech 
duerch al Affichen, enger Rei Fotoen an eng 
Selektioun vu Literatur illustréiert. 
  
ALTERNATIV APPROCHE 
Obwuel Leit wéi de Joseph-Émile Muller, Jean Luc 
Koltz an Edmond Thill vill iwwert de Kutter recher- 
chéiert a publizéiert hunn, ass iwwert d’Moltechnik 
vum Artist net vill gewosst. Am Kader vun der Nuit 
des Musées 2023 goufe verschidde Wierker aus ei- 
ser Sammlung méi technesch beliicht. Dat war och 
d’Occasioun fir eng éischt Recherche zum Kutter 
senger Moltechnik ze lancéieren. Dës Resultater 
sinn dann och mat an d’Ausstellung gefloss wou