12 MuseoMag N°III 2024 © éric chenal Liliana Francisco: „Mir sinn Deel vu Lëtzebuerg, mee mir sinn awer och Deel vun enger spezifescher Communautéit zu Lëtzebuerg.“ HYBRID IDENTITÉITEN, PERSÉINLECH FRÄIHEET AN „GENERATIONAL TRAUMA“ De Steven Cruz an d’Liliana Francisco am Gespréich Am Kader vun der historescher Ausstellung La révolution de 1974. Des rues de Lisbonne au Luxembourg huet den Nationalmusée um Fëschmaart d’Kënschtler Steven Cruz a Liliana Francisco invitéiert, sech am Programm ronderëm d’Ausstellung ze bedeelegen. Iwwer déi nächst Méint proposéiere se notamment verschidden Atelieren a Visite-guidéeën an hunn en illustréiert Begleetheft fir d’Ausstellung entwéckelt. Mir hunn eis getraff fir iwwert d’Zesummenaarbecht mam Musée an hire perséinleche Background ze schwätzen. Dir sidd jo ganz involvéiert an eiser Ausstellung iwwert d’Nelkenrevolutioun, déi mir aus enger Lëtzebuerger Perspektiv ënnersichen. Firwat fillt dir iech ugeschwat vun dësem Sujet? Wat ass äre perséinleche Lien mat dësem Kapitel vun der Geschicht? Steven: Fir mech ass et ëmmer wichteg wann d’portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg ugeschwat gëtt, zumools am Kader vun enger Expo an zumools well et ëm de 25. Abrëll geet. Dat ass jo de Grond firwat esou vill Portugisen op Lëtzebuerg komm sinn. Ech si ganz vill gewuer gi vu Saachen, déi ech net wosst. Ëmsou méi fannen ech et wichteg, datt déi Saachen an der Ëffentlechkeet gewise ginn. Et gëtt nach ëmmer e ganz grousse Stigma mat Por- tugisen zu Lëtzebuerg, si ginn nach vill diskriminéiert an net wierklech unerkannt fir dat, wat si sinn. Ge- nerell fannen ech, datt Portugisen ëmmer e bësse verklengert ginn. Duerch d’Expo kann ee verstoe firwat si esou gesi ginn. Et ass mega wichteg, datt d’Xenophobie, déi d’Portugisen erliewen, ugeschwat gëtt. Domadder kann ech mech befaassen, well ech selwer Portugis sinn a meng Eltere jo deemools an där Zäit heihinner komm sinn. Liliana: Ech gesinn dat och esou wéi de Steven. Ech hu jo och de portugiseschen Heritage. Mir sinn Deel vu Lëtzebuerg, mee mir sinn awer och Deel vun enger spezifescher Communautéit zu Lëtzebuerg. Et