30 MuseoMag N°II 2024 Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen, a sech net just op Bicher an Artikelen bezéien ze mussen. Genau déi Éier hat ech kierzlech bei engem Treffen am Musée Dräi Eechelen: en direkten a ganz éierlechen Interview mam Peter Ernst von Mansfeld bei enger Taass Téi. “BON, ECH SINN EBEN E PRINCE DE LA RENAISSANCE...“ Eng Taass Téi mam… Peter Ernst von Mansfeld © natalia sanchez Peter Ernst von Mansfeld: „Ech schlofe souguer a mengem Schlass ganz bescheiden op mengem Feldbett.“