39 N°IV 2023 MuseoMag Paréck ass! Mir hu jo iwwer 15 Paréckemaacher am Gronn a Pafendall. An déi kaschten all en Heedegeld! Dofir den Deserteure soen ech souguer: „wann dir desertéiert, huelt d’Uniform, awer déi Paréck, déi bleift hei!“ Dat ass dat deierst wat een sou un der Uniform huet! Ech zielen Iech do keng Spiichten! All Zaldot kritt eben sou eng Paréck. Huet déi Paréck dann och eng Funktioun? Hält se Iech d’Oueren waarm oder hält se den Helm besser un? Nee, nee, dat ass reng representativ, wann een sech weise geet, fir eppes duerzestellen. Um Schluechtfeld doen ech déi aus. Musst Dir déi dann och all Dag pudderen? Nee, nee, ech doen déi Owes aus wann ech heemkommen. Dat Bescht ass natierlech wann een sou Hoer huet… also dat musst Dir lo net publizéieren… mee ech hunn déi dënn Hoer. Dat ass eben sou eng Moudesaach. Ech wëll Iech och lo net ze laang ophalen, dofir als leschte Fro…. Oh jo ech hunn nach vill ze schaffen… Ech muss jo nach op de Chantier op der Schlassbréck… wéi fannt Dir dann déi Steng? Ech hunn do ästhetesch keng Meenung dozou, soulaang d’Bréck dono steet…an dat mécht se jo nach ëmmer…. Ah sou. Well mir hu laang no enger Carrière gesicht déi sou rout orange Steng huet. Bis mir op déi zu Bierg bei Betzduerf gestouss sinn. ...an d’Faarf war den Haaptkrittär? Oh jo, déi huet eis gutt gefall! Déi ass an dem rouden Toun… sou bëssi éisträichesch eben. Ma als ganz lescht Fro, zum Ofschloss, elo wou mir op d‘Mëttesstonn zousteieren: wat ass Äert Liblingsiessen? Ma – dat kléngt lo bëssi komesch – eng Schmier mat Duxmunder Botter. Deen ass formidabel! Ech bréngen Iech es bëssi mat. Ech hu mir es dës lescht nach en Zenner bestallt a mat den Diligencen déi all Dag vu Bréissel kommen liwwere gelooss. Mee ech loosse mir villes vu Bréissel kommen – all déi Délicatessen: vun Austeren bis … mee zielt dat net ze haart, net dass d’Zaldoten do nach… jo, mee de ganze Luxus kënnt vu Bréissel. Awer näischt geet iwwer eng Kuuscht mat Duxmunder Botter! Dat heescht Thünginger Wirschtercher ass näischt wat dir wëlles hutt ze erfannen? Eh, lo net direkt, dat ass éischter fir d’Zaldoten. Mee dat ass vläicht eng gutt kommerziell Iddi… Dat kléngt u sech gutt… dat do iwwerleeën ech mir! Ma op dësen Appetitsureeger géing ech soen schléisse mir och den Interview of a ginn eis mol eppes Guddes sichen fir z’iessen! Oh jo, eng gutt Botterschmier, oder Bottich, wéi se hei am Éislek soen. Lisi Linster am Austausch mam Lex Gillen als Adam Sigmund von Thüngen Gratis interaktive Spektakel Dem Adam Sigmund vun Thüngen seng Festung: am Musée Dräi Eechelen: Sonndeg 12. November 11 h LU Sonndeg 17. Dezember 11 h LU Sonndeg 21. Januar 11 h LU Sonndeg 25. Februar 11 h LU Sonndeg 17. März 11 h LU Sonndeg 14. Abrëll 11 h LU Op Umeldung: 47 93 30-214/414 servicedespublics@mnaha.etat.lu © natalia sanchez INTERVIEW