36 MuseoMag N°IV 2023 Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen a sech net just op Bicher an Artikelen bezéien ze mussen. Genau déi Éier hat ech dëse Summer: en direkten a ganz éierlechen Interview mam Adam Sigmund von Thüngen bei enger Taass Téi. Här von Thüngen, et ass mir eng grouss Éier, dass Dir Iech Zäit geholl hutt aus Ärem immens opreegende Liewen hei zu Lëtzebuerg fir mat mir ze schwätzen. Wéi geet et Iech? Jo gutt. Also Dir sot opreegend, géif ech am Fong gäre bessi méi Karriär maachen. An hei Lëtzebuerg – et ass jo ganz schéin hei – mee ech kommen hei net Adam Sigmund von Thüngen: «Ech sinn am Fong beruff fir deen ze sinn, deen ech sinn, wéi all d’Leit aus der Noblesse.» © natalia sanchez „ËNNER EIS: ET ASS BËSSI LANGWEILEG HEI...“ Eng Taass Téi mam… Adam Sigmund von Thüngen