15 02 ‘ 2023 museomag véier Steng déi erhale sinn, hunn ëm déi 90 x 90 cm an eng Déift vun ca. 35 cm, deen ee weit 508 kg an deen aner 435 kg. Déi nei Paart huet mol keng 10 Joer bestan, dunn ass se am Kader vun der Schläifung vun der Festung ab dem Summer 1870 scho rëm ofgerappt ginn. Dat Baumaterial wat net benotzt ginn ass fir d’Grief ze fëllen, hunn d’Entrepreneuren laut engem Ofkommes däerfe behalen. Fir eis Steng war dat eng Chance, well déi, resp. zwee vun hinnen, begéine mer als nächst Etapp um Lampertsbierg erëm. Do goufen se nämlech an der Mauer vun der Villa Baden an der Avenue Pasteur agebaut. Dëst Haus gouf ëm 1869 vum Architekt François Wolff gebaut. Anscheinend hat heen och de Steen vum Roude Pëtz a sengem Gaart stoen. 1872 huet de Biisser Entrepreneuer Jean Kinkels d‘Villa kaaft an dono hunn de Friedrich Adolf Richter a seng Famill dra gewunnt. Hee war den Erfinder vun de sougenannten Ankerbausteine a vum Pain-Expeller, e Wonner-Medikament géint all Zorte vu Krankheeten. Puer Joer drop ass de Chemie-Fabrikant Max Baden rageplënnert, dohier kennt een d’Haus och nach als „Villa Baden“. Leider ass se ëm 1975 ofgerappt ginn fir engem moderne Building mat Geschäfter Plaz ze maachen. ZU BOUNEWEG HU SE JUST NACH GEHËNNERT Mir huelen un, datt déi zwee Steng dunn an de Virgäertche vum Haus zu Bouneweg an der rue Anatole France komm sinn. An de 1970er Joren huet do e gewëssenen Eduard Weber gewunnt, dee sech an engem Zeitungsartikel iwwert d‘Erhalen an d’Mise en valeur vum Obelisk vun Hollerech agesat huet an dowéinst eng gewësse Sensbilitéit fir de Lëtzebuerger Patrimoine bewisen huet. De Musée konnt d’Steng réischt 2019 vum aktuelle Besëtzer ofkafen: en vue vun Ëmbauaarbechte rondrëm d’Haus hu se nach just gehënnert a si sollten elo definitiv fort. An enger opwänneger Aktioun huet de Musée se du gebuergen, an den Dépôt geholl a se restauréiere gelooss. Bis den 21. Mee kënnt Dir se nach an der Ausstellung Collect10ns 2012-2022 bewonneren. Dono gi se dann an d‘Dauerausstellung integréiert, wou se no iwwer 160 Joer, dank ville glécklechen Ëmstänn, zréck an engem Festungsgebai sinn. Simone Feis Mauer vun der Villa Baden Detail aus Zeichnung des neu erbauten Heinrichs-Thor in der linken Flanke des Bastion Louis, SBB, SX140990/6/B1, März 1868. PATRIMOINE Archives iconographiques du MNAHA