14 museomag   02 ‘ 2023 
D’ERHALE VU PATRIMOINE ASS 
HEIANSDO EINFACH JUST ZOUFALL! 
WÉI KOUMEN ZWOU ROSETTEN AUS ENGER FESTUNGSPAART BIS AN DE 
MUSÉE DRÄI EECHELEN? 
2014 ass den deemolege CNRA – haut INRA (Institut 
national de recherches archéologiques) – kontaktéiert 
gi vun engem Här vu Bouneweg, dee wollt wëssen, 
wat et mat zwee décke Steng op sech hätt déi scho 
säit Éiwegkeeten a sengem Virgäertchen louchen. 
D’Archäologe-Kolleegen hunn eis, der Ekipp vum 
Centre de documentation sur la forteresse (CDF), 
d’Demande weidergeleet a mir konnten d’Objeten 
direkt identifizéieren. Et huet sech dach tatsächlech ëm 
zwee vun den insgesamt véier Steng aus der Fassad 
vum Prinz-Heinrich-Tor, benannt nom Lieutenant- 
Représentant Prënz Hary vun den Nidderlanden, 
gehandelt! Ma wéi sinn déi dann iwwerhaapt zu 
Bouneweg gelant? 
Fir dës Fro ze beäntweren musse mer eng Zäitrees 
an d’Joer 1859 maachen. Dunn ass décidéiert ginn 
datt d’Gare centrale géing e gutt Stéck virun der 
Diddenuewener Front, also am südlechen Deel vun der 
Stad, gebaut ginn. D’Stad Lëtzebuerg huet doropshin 
de Bau vun enger neier Verbindung gefuerdert fir déi 
al hëlze Bréck déi deemools iwwert d’Péitruss gefouert 
huet an den zukünftegen Trafic net méi géing packen, 
z’ersetzen. Dowéinst gouf d‘Passerelle – och nach 
Viaduc oder „Al Bréck“ genannt – gebaut. Vu datt 
zu där Zäit d’Festung jo nach bestan huet, huet de 
Militärgouvernement insistéiert, datt dës nei Strooss 
misst zu béide Säiten duerch eng Paart zougemaach 
ginn. D’Paart zu der Stadsäit hin gouf 1868 op der 
lénker Flank vum Bastion Louis – do wou haut déi 
englesch Ambassad steet – aus Sandsteen gebaut. Si 
hat dräi Passagen, dovunner ee breeden an der Mëtt fir 
d’Kutschen an zwee méi klenger fir d’Passanten. 
BAL ENG TONN GESCHICHT 
An engem Dokument aus dem Nationalarchiv steet, 
datt d’Paart op béide Säiten sollt mat „ornementations 
d’architecture“ verschéinert ginn, dowéinst goufen 
dunn déi véier quadrilob Rosette-Steng an d’Fassad 
iwwert de schmuele Passagen integréiert. Zwee vun de 
© 
éric 
chenal 
Zwee vun de véier Steng déi erhale sinn, hunn ëm déi 90 x 90 cm an eng Déift vun ca. 35 cm, deen ee weit 508 kg an deen aner 
435 kg.