16 museomag 01 ‘ 2023 ze experimentéieren. Dëst erkennt een an de ville verschiddene Formater, déi e fir seng Kofferwierker benotzt, mee och an den intensive Faarwen an den abstrakten, heiansdo souguer figurativen, Strukturen a Formen, déi een a senge Wierker erëmfënnt. An der Lëtzebuerger Konschtzeen gesäit den Arthur Unger sech méi als en Eenzelgänger, dee säin eege- ne Wee gaangen ass a sech net vun anere beaflosse gelooss huet. Wéi den Unger mir verzielt, ass hien iwwert d’Joren oft gefrot gi firwat hien da net géing op groussen Toile molen. Dorops hin war seng Äntwert meeschtens: Ech sinn e „Peintre de la matière“. Lis Hausemer D’Ausstellung iwwert den Arthur Unger wäert vum 28. Abrëll bis de 15. Oktober 2023 an den temporären Exposräim um zweete Stack vum MNHA ze gesi sinn. „MÄI YIN A MÄI YANG“ (2/2) © éric chenal