10 museomag 01 ‘ 2023 „...DATT ET WELTWÄIT KENG ËNNER- DRÉCKUNG VUN DE FRAE MÉI GÉING“ (2/2) Kuckt a lauschtert den Interview (17 Minutten) andeems dir dëse Code mat ärem Smartphone scannt. Dës hu Gesiichter vu Frae gewisen, déi haislech Gewalt erlieft hunn. „Konscht kann d’Welt net veränneren, [ma] e Bewosstsinn [schäerfen],“ behaapt d‘Artistin. FIGURATIV MOLEREI AN HIR EEGESCHAFTEN Ma vun deene bal eenzege Konschtmedien déi vu weibleche Kënschtlerinnen dominéiert goufen, wéi z. B. d’Performancekonscht, huet d’Berthe Lutgen sech distanzéiert fir am Medium vun der figurativer Molerei ze schaffen. Si ass dovun iwwerzeegt, datt ArtistInnen och an der Zukunft ëmmer an der Molerei schaffe wäerten. Déi uewe genannte Konschthistorikerin Hessel stellt an hirem neie Buch The Story of Art Without Men (2022) d’Fro, firwat am 21. Joerhonnert erëm esou vill figurativ gemoolt gëtt. Si freet, ob et sech ëm eng Renaissance dovun handelt an ob déi rezent Well vu figurativer Molerei an der internationaler Konschtgeschicht e Verlaangen no méi Mënschlechkeet a Realismus duerstellt. D’Berthe Lutgen ass averstanen, d’Figuratioun erlaabt hir hir Messagen op eng méi explizitt an éierlech Manéier ze kommunizéieren: “Ech ka [mat der Molerei] ausdrécken, wat ech net richteg fannen.“ Ech soen der Madamm Lutgen villmools Merci fir dat spannend Gespréich an hiren onermiddlechen Asaz fir d’Gläichberechtegung. Am Laf vum nächste Joer kënnt dir am zukünftege Lëtzebuerger Konschtlexikon d’Biografie vun der Artistin liesen, déi d’Gosia Nowara verfaasst huet. Jamie Armstrong © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue