33 03 ‘ 2022 museomag hunn déi bis zu 70 kg schwéier Marbersplacken nëmmen an der Speis an ouni Eisekreep un der Mauer gehalen. Déi zu Viichten agesate Marbersplacke weien am Duerchschnëtt 70 kg, bei enger Gréisst vun 1m60 op 0m60. Déi dräi verkleete Maueren am grousse Mosaik- sall hunn eng Längt vu 26m45. Ëmgerechent op déi dräi Längten weit eng Rei Placken 1.157 kg. Déi zweet Rei mam Seeëschnëtt mat agerechent, si ronn 3.000 kg Marber eleng fir déi Wandverkleedung veraarbecht ginn. Zesummegerechent sinn am grousse Sall mam „Muse-Mosaik“ iwwer 20 Zorte Marber verschafft ginn. D’Steng goufen aus dem ganze réimesche Räich zeummegesicht. MOSAIK Am hënneschten Eck am Gank mat de schéine Wand- molereien niewent dem grousse Sall, louche vill kleng faarweg Stengercher (lat. tessellae) a ville Gréissten déi vun de réimesche Mosaiziste léiegelooss goufen. D’Gréisste vun de Wierfelcher variéieren tëschent 3 an 10 mm an dat sinn och déi Gréissten, déi am Mosaik agebaut goufen. Ware genuch Steng a ver- schidde Gréissten a Faarwe mam Hummer fäerdeg geschloen, goufen se op e Support, den opus caemen- titium, gepecht. Zu Viichten besteet en aus waasser- festem Bëtong deen de praktesche Virdeel huet, datt eise „Muse-Mosaik“ net an der kaler Joreszäit fiicht an zerstéiert gouf. Zum Gléck gouf zu Viichten de Mosaik net op Stel- ze gesat, soss wier en zesummegefall. Duerch d’Feele vun enger Hypokaustheizung am grousse Mosaiksall kann een dovun ausgoen, datt d’Haaptgebai net am Wanter genotzt gouf. Warscheinlech ass déi Grouss- villa zu Viichten eng Summerresidenz vun enger räicher Stater Famill gewiescht. Em déi 653.000 Steng hu Mosaiziste fir de „Muse- Mosaik“ op de Bëtong gepecht. 10 Prozent hu missten duerch neit Steematerial ersat ginn. Dat gouf wéi bei de Réimer direkt a mat der moderner Setztechnik- method indirekt agebaut. Bei der direkter Method gi Steng an de frësche Speis gedréckt. Bei der indirekter Method gi Steng säiteverkéiert op e Blat mat dem virgezeechente Muster gepecht an duerno gedréit an an de Speis gedréckt. Déi réimesch Chape gouf och ënnersicht an et konnt nogewise ginn, datt an der Eifel d’Réimer d’Vulkan- äschen als Tuff fir de waasserfeste Bëtong ofge- baut hunn. Déi réimesch Handwierker hate ronn 200 Joer virdrun den opus caemantitium, e Bëtong deen ënner Waasser aushäert, erfonnt. Dobäi ass duerch eng Analys vun enger Holzspläiter am Kallekspeis en Alter vu bal 10.000 Joer festgestallt ginn, wat mat dem leschte Vulkanausbroch bei Ulm iwwereneestëmmt. No eisen Analyse vum „Muse-Mosaik“ sinn dës Rezepter noweislech am ganze réimesche Räich am 3. Joerhonnert ugewannt ginn. D’Analyse vu Viichten stëmme mat den anere Mosaiksbëtongen an Nord- afrika, der Tierkei a Spuenien iwwereneen. D’Drock- festegkeet vu 19N/qmm entsprécht dem Bëtong vun haut. Dat hat bestëmmt och mat der Garantie vum réimeschen Architekt, fir eng propper Aarbecht ofzeliwweren, ze dinn. D’Haaptgebai vun der Villa miesst 104 m oder 350 pes. Dat entsprécht, mat der Déift vum Mosaik vun 10m35 oder 35 pes, enger Wunnfläch vun iwwer 1.000 qm. D’Verhältnis vu Längt a Breet oder Déift ass 10:1. D’Gréisst vum Mosaik, Längt 20 pes oder 5m87 a Breet mat 35 pes oder 10m26 ergëtt de Goldene Schnëtt: 1:1,618 (oder Streck A = 38,2 % = 5m87 + Streck B = 61,8 % = 10m26 ergëtt Streck C = 100 % = 16m13). Rainer Fischer MOSAIKOPBAU E klengen Abléck an de Mosaikopbau kritt Dir am follgende Video.