30 museomag   03 ‘ 2022 
Marbersstécker vun der Muséesgruewung aus der Réimervilla. 
„MUSE-MOSAIK“ VU VIICHTEN 
RELOADED  (1/2) 
EISER ANALYS NO GOUFEN ËM DÉI 653.000 STENG OP DE BËTONG GEPECHT, FIR 
DËSEN OPUS 
 SECTILE 
 ZE 
 REALISÉIEREN 
© 
éric 
chenal 
Ugefaangen huet alles mat iwwer 150 Holzkëschten 
aus dem Joer 1995. Dës Këschte waren en Deel vun 
der Muséesausgruewung aus der Réimervilla mam 
„Muse-Mosaik“ zu Viichten a gutt gefëllt mat Schierbe- 
len a Reschter vun der Wandverkleedung aus Marber. 
Am Hierscht 2019 war geplangt, an eisem Depot 
ze raumen an alles wat nach an ale verschimmelten 
Holzkëschte verpaakt war, ze botzen an ze sortéieren. 
Et gouf mat klenge Biischten a souguer enger Zänn- 
biischt a vill Waasser gerengegt. Beim Botzen am 
Lavage sinn ëmmer méi Marbersstécker mat bis dohin 
onbekannte geometreschen an amorphe Forme siicht- 
bar ginn. Nodeems Stécker gedréchent waren, si se an 
nei Plastikskëschte mat engem detailléierten Ziedel 
wou d’Inventairenummer, den Datum, d‘Plaz aus der 
Villa, d’Koordinate vun der Gruewung an d‘Material 
vermierkt sinn. 
Et war net liicht sech erëm an dat Thema – no iwwer