4 museomag 03 ‘ 2022 HAPPY BIRTHDAY! (1/4) AM VIRFELD VUM 10. GEBUERTSDAG VUM MUSÉE DRÄI EECHELEN HU MIR DÉI FRÉIER AN HAITEG KULTURMINISTEREN OP E RÉCKBLÉCK INVITÉIERT Dir Dammen an dir Häre Ministeren, Dir hat alleguer eng aktiv Roll als Kulturminister an der Kreatioun an an der Gestioun vun eisem Musée Dräi Eechelen, deen och gäre vun de Leit „Festungsmusée“ genannt gëtt. Erlaabt eis Iech op e klenge Réckbléck ze invitéieren. Wat fir Souvenire verbannt Dir mam Site vun den Dräi Eechelen, éier do de Musée entstanen ass? Erna Hennicot-Schoepges: D’Dräi Eechelen war eng schéin a romantesch Plaz fir spadséieren ze goen. Déi historesch Iwwerreschter vun der Festung, an dann och de Bléck op d’Stad sinn aussergewéinlech. Octavie Modert: Oh, do war ech nach ganz ganz jonk. Mee mech hott spéiderhin ëmmer faszinéiert, wéi déi Plaz sech am Laf vun der Zäit entwéckelt hott, an déi spannend Resultater vun den Ausgruewungen. D’Erna Hennicot-Schoepges war Kulturministesch vun 1995 bis 2004.