25 02 ‘ 2022   museomag 
1001 NUECHT AM MUSÉE  (1/2) 
ENG JOURNÉE DÉCOUVERTE AM ZEECHE VUN DER IRANESCHER KULTUR 
bei deenen ënner anerem Musek, Danz an Iessen eng 
grouss Roll spillen, och en Dësch gedeckt mat siwen 
Elementer, déi all eng ganz bestëmmte Symbolik hunn. 
Op der Journée Découverte konnten d’Visiteuren 
dëse spezielle Brauch entdecken a si méi iwwert déi 
Feierlechkeete gewuer ginn. 
Um musikalesche Plang hat dës Journée vill ze bidden: 
verschidde Museker hunn souwuel op traditionellen 
iraneschen Instrumenter gespillt wéi och méi modern 
Interpretatioune vun traditionelle Lidder presentéiert. 
Dës Kläng goufe souwuel vu Gesang wéi och vun Danz 
Performancë begleet. 
Duerch de Musée verdeelt hu verschidde Stänn 
de Visiteur mat op eng Rees an den Orient geholl. 
Experte vun der Kalligraphie, der Teppechkonscht an 
der iranescher Moud hunn en Abléck an d’Konscht- 
vielfalt ginn, déi de persesche Raum ze bidden huet. 
Bei enger Liesung vun de Geschichte vun 1001 Nuecht 
konnt eise jonke Public d’Abenteuer vum Séifuerer 
Sindbad kreativ illustréiere wärend déi Erwuessen 
sech an déi poetesch Wierker vu bekannte perseschen 
Dichter verdéiwe konnten. 
Iwwert de ganze Samschdeg hunn natierlech 
och d‘Muséesmédiateuren iwwert d’Aventure vum 
éisträichesche Kënschtler Alfred Seiland bericht, déi 
dësen op senger Rees duerch den Iran erlieft huet, 
an Explikatiounen zu de verschiddene Plazen am Iran 
ginn, déi op de sëllegen ausgestallte Fotoen ze gesi 
sinn. Eng kleng kulinaresch Rees mat Klengegkeeten 
aus der typesch iranescher Kichen huet de ganze 
Programm ofgeronnt. 
D’REES GEET WEIDER 
Den Iran kann een awer och weiderhin am Musée 
entdecken: wärend der rechtlecher Lafzäit vun der 
Ausstellung wäerte Konferenzen, Workshops a Visitten 
en Abléck an d’Kultur, d‘Geschicht an d‘Konscht vun 
dësem faszinante Land ginn. Deemnächst wäert de 
Musée och den Ausstellungskatalog vum Alfred 
Seiland virstellen. Bis dohin huet den MNHA nach 
zwou ganz interessant Konferenze geplangt: 
eng mat der iranescher Schrëftstellerin Abnousse 
Shalmani den 21. Abrëll an eng lescht mat der 
Archeologin Friederike Naumann-Steckner den 12. 
Mee iwwert d’Ausgruewungen am Iran am Fokus vun 
dem Alfred Seiland senge Biller. 
Michèle Platt 
Aschreiwung per T.: 479330-214 oder -414 
a per E.: servicedespublics@mnha.etat.lu NOROUZ