24 museomag 02 ‘ 2022 1001 NUECHT AM MUSÉE (1/2) ENG JOURNÉE DÉCOUVERTE AM ZEECHE VUN DER IRANESCHER KULTUR Am Mäerz konnt een am Musée ganz vill Facettë vun der iranescher Kultur entdecken a verschidden Tradi- tiounen aus der persescher Welt live erliewen. Kuerz virun Norouz, dem perseschen Neijoerschfest, huet de Musée op eng Porte ouverte agelueden, déi am Kader vum Ausstellungsprojet „Iran between times“ organi- séiert gouf. Zil war et, dem Public en Abléck an déi räich Geschicht, Konscht a Kultur aus dem persesche Raum ze ginn, fir den Iran an domat och dem Alfred Seiland säi Wierk besser ze verstoen. Dës besonnesch Occasioun huet och d‘Méiglechkeet gebuede fir sech mat Leit aus dem Iran auszetauschen, déi ganz be- geeschtert ware fir an dësem méi ongewéinleche Kader hir Traditiounen ze presentéieren a mat anere Mënschen ze deelen. Op dësem Dag kruten d’Visiteuren e volle Programm gebueden, dee wäit iwwert e klassescht Museeserliefnes Op der Journée Découverte konnten Grouss a Kleng déi persesch Kultur an de Brauch vum Iranesche Neijoerschfest Norouz entdecken. erausgaangen ass an an enker Zesummenaarbecht mat der iranescher Communautéit hei zu Lëtzebuerg op d’Been gesat gouf. E besonnesche Merci geet do och un d’Associatioun Simourq, déi sech ganz engagéiert un der Organisatioun vum evenementielle Programm bedeelegt an eng sëllege Kontakter spille gelooss huet fir Museker, Dänzer, Sänger, Kënschtler a Leit mat enger gewësser Expertise ze mobiliséieren. Am enken Echange sinn d’Virbereedungsaarbechte mat den ënnerschiddleche Partner fir dësen Event koordinéiert ginn. FRÉIJOER OP IRANESCH Norouz oder Nowruz, wat esou vill heescht ewéi neien Dag, fënnt Mëtt Mäerz statt a feiert den Ufank vum Fréijoer nom Sonnekalenner (Equinox). Traditionell gëtt fir dës Festivitéiten, déi dräizéng Deeg daueren a © éric chenal