6 museomag 02 ‘ 2022 Den Dictionnaire gëtt als éischt digital verëffentlecht, dofir ass d’Entwécklung vun enger neier Datebank wéi enger digitaler Plattform prioritär. © éric chenal SCHÉIN DECH KENNENZELÉIEREN! D‘GRËNNUNG VUM LËTZEBUERGER KONSCHTARCHIV AM MNHA No bal dräi Joer an der Virbereedung ass et elo offiziell! D’Lëtzebuerger Konschtarchiv (LKA) ass am Dezember 2021 rechtlech gegrënnt ginn. Wien ass dat? Wat mécht deen? U wien wennt e sech? Gäre stelle mir Iech en op de nächste Säite vir! De Projet vum Konschtarchiv ass mat der Iddi ent- stanen eng Nationalgalerie ze grënnen. Ma et war gewosst, datt dofir d’Fundamenter an der Lëtzebuerger Konschtwëssenschaft fir d’éischt musse verstäerkt ginn. Dat neit konschthistorescht Archiv soll ënnert anerem d’Quell fir déi néideg Recherchen op enger Plaz ver- sammelen, se zougänglech maachen a se fir déi folgend Generatiounen erhalen. Dëst ass eng Viraussetzung fir déi lëtzebuergesch bildend Konscht an hire Secteur kënnen ze studéieren an historesch opzeschaffen. De néien Dokumentatiounszenter vum MNHA riicht sech domat u jiddereen deen sech wëssenschaftlech fir d’bildend Konscht zu an aus Lëtzebuerg interesséiert. An Zesummenaarbecht mat de bestoende Sectiounen aus dem Musée sinn aktuell zwou Mataarbechterinnen um Opbau dovun bedeelegt. D’Aktivitéite vum Konscht- archiv adresséiere sech u jiddereen, ob professionell Wëssenschaftler oder Amateurhistoriker, «Konscht- liebhaber», Curateuren oder Kritiker. D’Lëtzebuerger Konschtarchiv ass och dofir do, datt Kënschtler sech kënne mat deem Kontext auserneesetzen an deem si selwer schaffen a schafen. ENG DOKUMENTARESCH SAMMLUNG AN E KONSCHTDICTIONNAIRE Mat deem Zil soll a nächster Zukunft en Archivdépôt fonnt an ageriicht gi fir déi éischt Archivfonge kënnen opzehuelen. Sou e Fong kann Dokumenter enthalen déi hëllefen de Kontext an deem e Konschtwierk ent- stanen ass nozevollzéien an d’Aarbechte kënnen ze interpretéieren. Dozou gehéieren z. B. Skizzen- an Tagebicher, Bréiwer, Inspiratiounsmaterial oder bio- grafesch Dokumenter wéi Päss oder Diplomer. Iwwert d’Fonge vu Kënschtler eraus, solle méi spéit och déi vu Leit an Associatiounen opgeholl ginn, déi am Secteur aktiv waren. Well mir ons nach an enger Opbauphas befannen, kënnen aktuell nach keng Archivfongen opgeholl ginn. Gläichzäiteg sammelt d’Lëtzebuerger Konschtarchiv och Dokumentatioun aus der Aktualitéit, wéi z B. Ausstellungsflyeren a Pressenartikelen. Am deem Kader gesäit e neien Dictionnaire d’Liicht. Zënter Abrëll 2021 ass d’Malgorzata Nowara, no 12 Joer als Conservatrice vun der Sectioun des Beaux-Arts,