11 04 ‘ 2021 museomag weider Spillfunktioune fräischalten. Mat de Punkte kënnen d’Spiller och d’Personnagen nei akleeden, hiert Raumschëff personaliséieren oder Hëllefsmëttel fir hir weider Entdeckungsmissiounen hierstellen. En Deel vum Spill kann ee bequeem vun doheem aus ausprobéieren, fir déi verschidden interessant Plazen uechter d’Land emol kennenzeléieren. Deelweis mussen d’Aufgaben awer och sur place geléist ginn: Zil ass natierlech d’Familljen ze motivéiere fir sech déi een- zel kulturell Sitten och reell ukucken ze goen. LËSCHTEG GESCHICHTEN AUS DEM MUSÉE Wärend hirer Entdeckungsrees kréien d‘Kanner lëschteg Anekdote verzielt, déi méi Hannergrond- informatiounen iwwert verschidde Plazen, Objeten oder Geschichte liwweren. Sou treffen si am Nationalmusée fir Konscht a Geschicht zum Beispill op e Schwäin, dat duerch Zoufall e wäertvolle Schatz entdeckt huet oder begéinen engem Waachhond, dee scho viru bal 500 Joer op wichteg Konschtobjeten opgepasst huet. Och ginn d‘Appnotzer Geschichte vum Fëschmaart gewuer, där Plaz an der Stad wou de Musée haut dropsteet. Am Musée mat den dräi gëllen Eechelen erwaarden déi Jonk spannend Anekdoten aus der Festungszäit. OP DER SICH NO DE QR CODEN Fir Punkten ze sammele mussen d’Kanner awer net nëmme Quizfroe beäntwerten, mee mussen Unhalts- punkte kombinéiere fir verschidden Objeten erëm ze fannen, déi sech op de verschidde Sitte befannen. APP VIR KANNER Wa si de gesichte Géigestand entdeckt hunn, muss een op der Plaz verstoppte QR Code gescannt ginn. Queesch duerch eis Haiser verdeelt fënnt een deemno elo d‘QR Code vun der Applikatioun Nächst Statioun, souwuel am Nationalmusée um Fëschmaart, an der Daueraus- stellung vum Musée Dräi Eechelen sou wéi och bei de baulechen Iwwerreschter vun der réimescher Villa zu Iechternach. An de vergaangene Woche sinn dës zesumme mat de Responsabele vun de Sammlungen ubruecht ginn a si prett fir genotzt ze ginn. Kommt kucken a losst Iech vun de skurrilen Ausseriedeschen op eng Entdeckungsrees duerch d’lëtzebuerger Kultur entféieren. D’Spill ass gratis fir Smartphones an Tablets erhältlech. Michèle Platt © zeilt productions