10 museomag 04 ‘ 2021 No laanger Entwécklungszäit ass de Projet, deen ze- summe mat der Produktiounsfirma ZEILT ausgeschafft gouf, endlech räif fir de Startschoss. Ab der Rentrée ass eng nei Handysapplikatioun fir jiddereen disponibel. Se soll besonnesch Famillje mat Kanner uspriechen an dem jonke Public op eng spilleresch Aart a Weis de Lëtzebuerger Patrimoine méi no bréngen. Verschidde kulturell Sitten uechter d’Land gi virgestallt, ënnert anerem eis Muséeën um Fëschmaart an am Park Dräi Eechelen an déi réimesch Villa um Séi zu Iechternach. E SPILLERESCHEN ZOUGANG ZUR NATIONALER KULTUR D’Spill soll en pedagogeschen Zweck erfëllen, dohier hunn déi Responsabel vun de Muséessammlunge beim Ausschaffe vum Contenu och all hire wëssenschaft- leche Know-how mat afléisse gelooss. D’Usere kënnen esou méi iwwert déi verschidde kulturell Sitten gewuer ginn, respektiv néi Plazen am Lëtzebuerger Land kenne leieren a besichen. Mat deem Tool sollen d’Kanner selwer zum Entdecker ginn an zesumme mat de fir dëse Pro- jet erfonnte Personnagë méi iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht a verschidde Géigestänn gewuer ginn, déi hinnen op hirem Wee begéinen. D’Figuren, déi duerch d’Applikatioun féieren, kenne vill Leit vläicht scho vun der Tëlee: um Lëtzebuerger RTL an um belschen RTBF leeft säit leschtem Summer d‘Zeechentrickserie Nächst Statioun, an där eng Equipe vu gréngen ausserierde- sche Männercher eise Planéit Äerd auskundschaft an onsécher mécht. An der App ginn d’Kanner vun de sympatheschen Haaptpersonnagë Mish, Klaus a Papish geleet a kréie vun hinne verschidde Missiounen. Wéi an engem Videospill kënnen d’Kanner esou mat all richteg beänt- werter Fro an all gepackter Aufgab op verschiddene Statioune Punkten respektiv Ressource sammelen a Duerch de ganze Musée verdeelt fënnt een elo d‘QR Coden vun „Nächst Statioun“. KULTUR KANNERGERECHT MAM HANDY ENTDECKEN MAT SPILL A SPAASS DUERCH DE MUSÉE