30 museomag   03 ‘ 2021 
„SCHROEDER” ODER „SCHRÖDER”: 
A WOU KËNNT DEN NUMM HIER? 
ENG KURIOSITÉIT OP DER FASSAD VUN ONSEM WILTHEIM-FLIGEL   
Op nëmme méi e puer seele Giewelen an onser 
Stad verstoppe sech, meeschtens iwwert enger 
Fënster an enger fréierer Kellertrap, nach längel- 
zeg vertikal Lächer, déi ënnen eng ofgerënnte 
Form hunn an uewen horizontal sinn. Wat huet et 
dann elo mat deene kuriéisen Nischen op sech? 
Dat sinn déi sougenannte „Schrotlächer”. Zwee sinn 
der iwwregens un der Fassad vun onsem Musée am 
Wiltheim Fligel ze gesinn. Hei e Bild dovunner. (Foto) 
Dës Nisch goufe vun de Wäifässer-Transporteure be- 
notzt fir kënne mat engem Bamstamm, deen an dat 
sougenannte Schrotlach gestemmt gouf, d’Fässer an 
de Keller sécher iwwert d’Kellertrap (oder eng Schrot- 
leeder) erofzeloossen, resp. erop ze zéien. Mat Hëllef vu 
Seeler, déi um Stamm an um Faass festgemaach goufen, 
ass esou eng Zort Fläschenzuch entstanen. (Skizz) 
Déi Transporteure woren an enger Brudderschaft 
zesummegeschloss, der „Schréiderborschtenzonft”. 
Zu Éinen ass et z. B. esou eng Brudderschaft ginn. Si 
hat ganz streng Reegelen, well all Schréider hat eng 
grouss Responsabilitéit fir de Wäi sécher vum Wënzer 
bis bei de Client an de Keller ze transportéieren. 
Alkoholkonsum wor strengstens verbueden an Acciden- 
ter woren och alt heefeg. De Loun vun der Aarbecht 
gouf zum Deel dofir an eng Keess verséiert, fir de 
Betraffenen am Fall vun enger Invaliditéit, Krankheet 
oder engem Accident hëllefen ze kënnen. Dat Wuert 
„schrötern” soll „schleefen” oder „zéien”» bedeiten. 
De Familljennumm „Schroeder” oder „Schröder” kënnt 
also direkt vun där Brudderschaft hier. Wou kann 
een dann haut nach esou Iwwerreschter vu fréier 
bewonneren? Et muss ee wëssen, datt der vill bei Re- 
novatiounsaarbechte verschwonne sinn, mee an der 
Uewerstad fënnt een der haaptsächlech nach un de 
Giewele vu Refugien, Kléischter oder Abteien, a. s. w.: 
• am Haff hannert der St. Alfonskierch (rue Willy 
Goergen), 
• am Haff vum Bistum Lëtzebuerg an der rue du 
Genistre (Lantergässelchen), 
• am Haff vum Refugium vun der Iechternacher Abtei 
(queesch vis-à-vis vum groussherzogleche Palais), 
• am Haff vum Refugium vun der Abtei St. Maximäin 
vun Tréier, lénks vum Agank (haut Ministère d’État/ 
Présidence du Gouvernement), (Foto uewen) 
• lénks niewent dem Haus „Ënnert de Steiler” um 
Fëschmaart, 
Am Haff vum Refugium vun der Abtei St. Maximäin vun Tréier, lénks vum Agank (haut Ministère d’État/Présidence du Gouverne- 
ment), fënnt een nach d’Spuere vu sougenannte „Schrotlächer”. 
© 
tom lucas