29 02 ‘ 2021 museomag diffuséiert ze ginn. Niewent de Videotutorials an der Präsentatioun vun de verschiddene kulturellen Haiser, huet eng live Videokonferenzschaltung mat enger Me- diatrice aus dem Dikrecher Musée fir den neidegen Encadrement à distance gesuergt. Dëst huet erlaabt trotzdeem e klengen Echange mat de Schüler ze hunn an hinnen niewent den Erklärungen op de Videoen nach weider Informatiounen iwwert déi ver- schidde Muséeën, hir Missiounen an hir Aktivitéiten ze ginn an op eventuell Froen ze äntweren. Déi praktesch Ëmsetzung vun de virgestallte Bastelaktivitéite konnten d’Schüler dann duerno an aller Rou an hirem Klassesall an Ugrëff huelen. EN DROCK AM ZEECHE VUN DER LÉIFT An der Sammlung vum MNHA fënnt sech villes, wat sech mam Thema Léift associéiere léisst. Dohier war et guer net mol esou einfach e Choix ze treffen. Ma déi aktuell Ausstellung zu de Lëtzebuerger Gravures- aarbechten, bei där d’Representatioun vun der mënschlecher Kierperform an den Emotiounen am Fokus steet, huet sech an deem Kontext immens gutt ugebueden fir en praktesche Workshop ronderëm HAND AN HAND auszeschaffen. D’Technik mat där d’Aarbecht ëmgesat sollt ginn war domat och méi wéi evident: mat dem néidege Material, dat d’Equipe vum MNHA hinnen zur Verfügung gestalt hat, war den Déifdrock fir d‘Schoulklasse relativ einfach ëmzesetzen. D’Legend vum Leda an dem Schwan, déi hiren Ursprong an der griichescher Mythologie huet an op déi déi an der Figure in Print Expo ausgestallte Sérigraphie vum Fernand Bertemes (*1964) uspillt, huet d’Matière fir eng léif Geschicht geliwwert. 7 Klasse mat 115 Schüler aus dem Cycle 4 konnten dunn mat Hëllef vun Styrodur- placken, Linosfuerw an Faarwrouleauen en Déifdrock vun zwee Schwane maachen. Passend zu Vältesdag konnten si an engem Pabeierhäerz, dat mat enger ein- facher Faaltechnik schnell gebastelt war, och e léiwe perséinleche Message verstoppen. Michèle Platt D‘Nadina Faljic bei der Virbereedung vum Drockmotiv, dat sech un engem Wierk aus eiser Figure in Print-Ausstellung inspiréiert.