23 01 ‘ 2021 museomag INVENTAR geschlummert huet, ouni wëssenschaftlech „gestéiert“ ze ginn. Ausser direkt e puer Plënneraktiounen, déi d‘Stengfragmenter hu missten iwwert sech ergoe loossen, an eng sommaire Inventorisatioun an den 1960er an 70er, si se an hirer Globalitéit net wei- der behandelt ginn. Just d’Spëtzt vum Äisbierg war an enger Publikatioun vum Eugénie Wilhelm ugangs de 70er verëffentlecht ginn. Point de Départ vun deem Ganze sinn also circa 50 Grillage-Boxen vun 1,25 m x 0,85 m, all méi ewéi randvoll gefëllt mat Stengfragmenter vun allen Dimensiounen, alle Gewiichter a ganz verschiddene Provenancen. Si sinn an engem Héichregal ënner- bruecht, dat 70 Gitterboxen ophuele kann. ET ASS MAT DE JOERZÉNGTE VILL VERMËSCHT GINN Well op de meeschte Boxen eng Provenance stoung, hätt ee kéinten dovun ausgoen, dass et einfach a séier gedoe wier, well déi grouss Ensembele schonns géifen zesumme leien. Et ass awer seelen dat dran, wat och drop steet, an Test-Sondagen an 3 Boxen hunn den ufängleche Verdacht bestätegt: et ass mat de Joer- zéngte vill vermëscht ginn, esou dass een net seelen bis zu 6 verschidde Provenancen an enger Gitter- box zesummen huet. Déi sëllege Plënneraktiounen waren doru wuel sécherlech net ganz onschëlleg… D’Ärem ginn also eropgekrempelt an de Schluecht- plang opgesat: d‘Aarbecht deelt sech an 3 Phasen op, déi méi oder wéineger parallel zoueneen lafen: 1. d’Etüd vun all eenzelem Objet sur place am Dépôt 2. d’Recherche-Aarbecht 3. d’Androe vun de Resultater an d’Base de données vum MNHA D’Zil vun deem Ganzen ass op der enger Säit eng muséesgerecht Conservatioun an e gudden Accès op d’Objete, esou wéi op der anerer Säit d‘Etude, d’Traçabilitéit an d’Numerisatioun. De Procédé gesäit esou aus : MANPOWER AN TECHNESCHE GABELSTAPLER-KNOWHOW 1. Etapp – All Gitterbox gëtt komplett eidel gemaach, gebotzt an uerdentlech ausgekleet, ier dann en En- sembel vu Stengfragmenter vun enger gemeinsamer Provenance erëm installéiert gëtt. Aus Conservatiouns- grënn ginn d’Steng niewenteneen an net méi openee geluecht. Dat erméiglecht och, all Steen bei Bedarf mat just e puer Handgrëffer accessibel ze hunn, andeems een net muss eng sëllegen aner Fragmenter fir d’éischt ewechraumen, fir un den eigentlechen Objet ze kommen. No der Installatioun kënnt d’Etüd: all Stengfragment gëtt entstëbst (soss wiere verschidden Inventairesnummere guer net ze erkennen), gewien, opgemooss a fotograféiert. D’Inventairesnummer gëtt kontrolléiert a ggf. frësch markéiert. D’Material, also d’Gestengszort, gëtt definéiert an den Objet gëtt beschriwwen. Als lescht gëtt den de- finitiven Emplacement an der definitiver Sektioun festgehalen. Wärend dëser Aarbecht ass schonns e puer Mol virkomm, dass ech tëschent dësen Hon- nerte vun Objeten e puer Fragmenter fonnt hunn, déi zesumme gehéieren an u sech ee Ganzt forméieren. Dës Objeten ginn dann och erëm zesummegeféiert an an eng gemeinsam Box geluecht. All dës recoltéiert Donnéeë ginn op der Fiche d’inventaire vum jeeweile- gen Objet agedroen. Eng Käertchen mat der Inven- tairesnummer gëtt ëm all Fragment gestréckt, dass een d‘Nummer op den 1. Bléck erkenne kann. Et muss