22 museomag 01 ‘ 2021 Éischt Etapp: d’wëssenschaftlech Etüd vun all eenzelem Objet sur place am Dépôt. Am Kader vun der grouss ugeluechter Inventaires- aarbecht, déi den MNHA zënter e puer Joer an Ugrëff geholl huet, ass 2019 d’Decisioun an der Sektioun vun den nationalen archeologesche Kollek- tioune gefall, sech den Objeten, déi sech am Dépôt lapidaire befannen, unzehuelen. Et handelt sech heibäi exklusiv ëm Stengfragmenter, meeschtens sculptéiert oder beaarbecht, déi am 19. oder an der 1. Hallschent vum 20. Joerhonnert entweder an d’Kollektioun vun der Section historique vum Institut Grand-Ducal intégréiert gi sinn an am MNHA conservéiert sinn oder awer an d’MNHA-Sammlung komm sinn. Et muss ee wëssen, dass den immergéierten Deel vum Äisbierg déi lescht Joerzéngten virun sech hin © éric chenal ET WAR SEELEN DAT DRAN, WAT OCH DROP STOUNG (1/2) AM MNHA-DÉPÔT GOUFE 50 GRILLAGE-BOXEN MAT ARCHEOLOGESCHE STENGFRAGMENTER MUSÉESGERECHT GEBOTZT, GERAUMT A KLASSÉIERT