28 museomag 04 ‘ 2020 D’SCHOULKANNER SINN A BLÉIWEN E GANZ WICHTEGE PUBLIC FIR DE MUSÉE ABLÉCK AN DI JÄRLECH EDITIOUN VUM SCHOULPROGRAMM Den MNHA an de Musée Dräi Eechelen empfänken all Schouljoer ëm déi 15.000 Schüler op hire verschiddene Siten. Wéi all Joers läit nom Schluss vun der Schoul- saison am Juli och dës Kéier nees eng zentral Fro um Dësch: wat fir e Programm kënne mir de Schoulklassen ab dem kommende September ubidden? Gekuckt gëtt, wéi eng Offeren am vergaangene Joer gutt ugeholl gi sinn a wéi eng manner. Da gëtt och iwwerluet wat fir Méiglechkeete mir als Musée hunn, nei Themen oder alternativ Formater auszeschaffen fir de bestoende Programm ze ergänzen. All Saison gëtt versicht Variatioun an de Schoul- programm eranzebréngen an sech un de Besoine vun de Schüler an den Enseignanten ze orientéiere fir dësem wichtege Public eng passend Offer kënnen unzebidden an en beschtméiglech ze encadréieren. Fir dat de Besuch am Musée net nëmme Spaass mécht, mee och e wäertvollen Apport fir de Cour ass, probéiert de Musée beim Ausschaffe vun neien Aktivitéiten déi Matière opzegräifen, déi och an der Klass thematiséiert gëtt. Dat d’Visitt am Musée kom- plementar zum Unterrecht an der Schoul ass, ass be- sonnesch fir déi méi héich Klassen e wichtege Critère. Fir all Saison gëtt iwwerdeems och fir déi ënner- schiddlech Sujete vun den temporären Ausstellungen, déi iwwert dem Zäitraum vum neie Schouljoer ustinn, Aktivitéite fir Schoulkanner aus verschiddenen Alters- stufe konzipéiert. Dëst Joer läit de Schwéierpunkt vun de kommenden Ausstellungen op der Konscht. Hei sinn et Projeten iwwert barock Molerei, zäitgenëssesch Fotografie a Lëtzebuerger Konscht, déi wäerten thematiséiert ginn. Fir de Secondaire a ganz beson- nesch fir Klassen, déi sech an enger handwierklecher oder konschtorientéierter Ausbildung befannen, bitt d’Ausstellung zu de Lëtzebuerger Gravuren d‘Méiglechkeet fir flott praktesch Atelieren zum Thema Drocktechnik ze besichen. E GROUSSE BATZ AARBECHT D’Opsetze vun engem neie Schoulprogramm fuerdert all Saison vill Engagement, souwuel wat d’Konzipéiere vun neien Offeren, d’Präparatioun vun der Broschür wéi och d’Verschécke vum fäerdege Programm ugeet. An Ofsprooch mat de Conservateuren an a Concerta- tioun mat dem pedagogesche Personal vum Musée ginn ëmmer nees nei Visitten an Atelieren ausgeschafft. Heifir mussen net nëmmen déi ënnerschiddlech Sujeten definéiert ginn, déi ëmmer déi an den Aus- D’Opsetze vun engem neie Schoulprogramm fuerdert all Saison vill Engagement, souwuel wat d’Konzipéiere vun neien Offeren, d’Präparatioun vun der Broschür wéi och d’Verschécke vum fäerdege Programm ugeet. © éric chenal