27 01 ‘ 2020 museomag SCHOOLTRIP GANZ ËNNERSCHIDDLECH VIRSTELLUNGEN Interessant war virun allem, wéi ënnerschiddlech d’Reaktiounen op d’Fro no méi Matsproocherecht an der nationaler Politik waren. Während déi eng Schüler eng méi niddereg Altersgrenz beim Wahlrecht éisch- ter ofleenen, wier et deenen anere wichteg, méi kenne bei Theme matzeschwätzen déi an eiser Gesellschaft diskutéiert ginn, a wënschen sech, dat hier Meenung méi eescht geholl sollt ginn. Dat dat allgemengt Wahlrecht keng Selbstverständ- lechkeet, mee en haart erkämpftent Recht ass, ass dee- ne meeschten awer spéitstens am Laf vun der Diskus- sioun kloer ginn. DENG MEENUNG INTERESSÉIERT EIS! De fënnefte Stack vum Musée, deen sech direkt iwwert der Ausstellung befënnt, ass am Sënn vun engem participative Beräich zum Thema Wahlen, Wahlrecht, Wahlkampagnen an alternativ politesch Participatioun amenagéiert ginn. Fir Gruppen – op am schouleschen oder am private Kader – ass zum Schluss vun der Auss- tellung en separate Raum entstanen, deen d’Méiglech- keet bitt, sech zur Thematik ze äusseren an de Jonken eng Surface bereet stellt fir hiere Point de vue ze präsentéieren. D’Resultater vun Diskussiouns- ronnen oder prakteschen Ateliere sollen esou mat an d’Ausstellung afléissen. Als Ofschloss vum Ausstellungsbesuch kann hei iwwe- regens och all individuelle Visiteur seng Meenung mat- deelen an seng Kommentairen op enger perseinlech Magnéitwand hannerloossen. Michèle Platt Mei Informatiounen zum pedagogesche Programm fannt Dir op www.mnha.lu