26 museomag 01 ‘ 2020 DÉI JONK SCHWÄTZE MAT! PEDAGOGESCH OFFER FIR SCHOULKLASSEN AM KADER VUN DER WAHLRECHTSAUSSTELLUNG © éric chenal Am Kader vun der Ausstellung zum allgemenge Wahlrecht, déi nach bis September ze gesinn ass, bitt den MNHA e ganze Programm un Aktivitéite fir Schoulklassen un. Wichteg ass et, déi Jonk fir Theme wéi Demokratie a Matbestëmmung ze sensibiliséie- ren a si dozou unzereegen sech hier eege Gedanken doriwwer ze maache wat dat fir si perséinlech bedeit. ENG GROUSS PEDAGOGESCH OFFER D’Offer riicht sech virun allem u Lycéesschüler, et ginn awer och Atelieren ugebuede fir d’fënneft an d’sechst Schouljoer aus dem Fondamental. Nieft de méi klasseschen Aktivitéiten – wéi de guidéierte Visitten duerch d’Ausstellung oder engem prakteschen Atelier – organiséiert de Musée zesumme mat der Ekipp vun der Chamber och e Besuch vum Sëtzungssall an hire Gebailechkeeten oder bitt de Jonken d’Méiglechkeet an enger Debattéierronn hir Meenung zu engem The- ma matdeelen ze kennen. Am Kader vu Projete kann een sech als Grupp och méi intensiv mat Demokratie a Wahlrecht ausernee setzen. Déi lescht Méint hunn eng ganz Rei Schüler vun dëser pedagogescher Offer profitéiert. An der salle plénière vun der Chamber kruten si en Abléck an d’Fonction- nement vum Parlament a konnten sech op de Bänke Plaz huelen, wou soss d’Deputéiert hirer Aarbecht no- ginn. Aner Klasse waren am MNHA op Besuch fir sech d’Ausstellung unzekucken an sech iwwer d’Wahlrecht an d’Wahlpflicht hei zu Lëtzebuerg auszetauschen. SCHÜLERDEBAT AM MNHA – DÉI JONK SOLLEN SECH MATDEELEN No engem Tour duerch d’Expossäll hunn si zesummen iwwert d’Méiglechkeeten debattéiert, déi hinnen als mannerjäreg Staatsbierger zur Verfügung stinn, fir un ëffentlechen Diskussiounen Deel ze huelen, ouni duer- fen eng Stëmm op en offizielle Wahlziedel ze setzen. An enger entspaanter Ronn ass beschwat ginn, wéi een sech aktiv an aktuell politesch oder gesellschaft- lech Diskussiounen abrénge kann. D‘„Fridays for Fu- ture“ Demonstratiounen, déi an de leschte Méint bei de Jonken e grousst Thema waren an och an der Ausstel- lung ënnert dem Aspekt vun ausserparlamentarescher Participatioun opgegraff gi sinn, ware just eng vun den Alternativen fir sengen Iddie Gehéier ze verschafen, déi an den Debat mat agefloss sinn. An deem Zesummen- hang ass ënner anerem och diskutéiert ginn, fir wat fir eng Zieler d‘Schüler sech gäre géingen engagéieren. Bei der Fro no méi Matsproochrecht an der nationaler Politik waren d’Schüler sech net all ganz eenz.