6 museomag 01 ‘ 2020 © CHdN AUSSERGEWÉINLECH PATIENTEN (2/2) gewibbelt an net geotemt hunn. Fir eng Kéier hu mir net missen op mënschlech Aspekter an op d’Stralendosis Récksiicht huelen, mä mir konnten eis eenzeg an eleng op d’Qualitéit vun de Biller konzentréieren, wat fir eis eng eenzegaarteg Erfarung war. Bis spéit an d´Nuecht era ware mir domadder beschäf- tegt, all eenzelt Konschtwierk optimal ze analyséieren, sou vill wéi méiglech Informatiounen ze sammelen an d’Statuen duerno fir hir Heemrees erëm sécher anze- paken. ENG EEMOLEG ERFARUNG Puer Deeg méi spéit hu mir eis op e Neits getraff. Déi dausende vu Biller goufen traitéiert a verschafft, datt eng ganz präzis Analys méiglech war. De spezifesch medezineschen Dicom-Format ass an ee Jpeg-Format ëmgewandelt a fir déi weider Aarbecht exportéiert ginn. Zesummen hu mir d’Interpretatioun vun den Opname gemaach fir souwuel vun den technesche Kenntnisser iwwer d’Konschtwierker vun de Restaurateuren, wéi vun