4 museomag 01 ‘ 2020 AUSSERGEWÉINLECH PATIENTEN (1/2) SKULPTURE VUM PEDRO DE MENA, DI AM JANUAR AM NATIONALMUSÉE AUSGESTALLT GINN, GOUFEN AM SPIDOL ZU ETTELBRÉCK AM VIRFELD ËNNERSICHT Munchmol kommen déi interessant Momenter op der Aarbecht ganz onerwaart. Leschte Summer krute mir d‘Ufro, ob den CHdN sech eng Collaboratioun mam MNHA virstelle kéint: Spuenesch barock Skulpturen? Bei eis an der Klinik? Um Röntgenapparat? D’ganz Röntgen- ekipp war direkt hell begeeschtert: Do musse mer mat- maachen! Doropshi koum technesch Ekipp vum Musée an d‘Spidol fir eis de Projet méi am Detail ze presen- téieren. Si wollten de Visiteure vum Fëschmaart de Bau vu polychrome Statuë verständlech maachen. Mä wéi de Support ënnert der Faarf weisen? Eng Röntgen war hir Propose. An e Scanner, war eis Reaktioun op d’Kom- plexitéit vun der Bannestruktur vun den Objeten. Mir hunn eis schonns an eis Aventure projezéiert. Awer d‘éischt war mam Generaldirekter vum CHdN ze klären, ob an ënnert wéi enge Konditioune mir den MNHA ënnerstëtze kéinten. Da stoung och d’Fro vun der Ëffentlechkeetsaarbecht am Raum: Press oder net? Mir waren eis bewosst datt net jiddereen Verständnis dofir hätt. Ma de Sujet war sou interessant an ongewé- inlech datt et derwäert wier, dëst no baussen ze kom- munizéieren. Och war d’ganz Ekipp domadder avers- tanen, benevol ze schaffen, zu engem Moment wou mir keng programméiert Ennersichunge méi maachen. Dat, fir souvill wéi méiglech Kriticken iwwert d’Benotze vu medezineschen Apparater fir netgesondheetlech Erfuerschung vun den Aarbechtsmethode vun engem spuenesche Bildhauer aus dem 17ten Joerhonnert mat oninvasive Methoden. © tom lucas