26 museomag 04 ‘ 2019 KULTURELL UREEGUNG AM STIL VUN ENGEM VIDEOSPILL AM JULI WAR ENG SCHOULKLASS AM MNHA OP BESUCH FIR „LIVE“ ENG ÉISCHT VERSIOUN VUN DER HANDYSAPPLIKATIOUN VUN DER FIRMA ZEILT ZE TESTEN © éric chenal Schonn zënter e puer Méint ass den MNHA am Gaang zesumme mat der Produktiounsfirma ZEILT fläisseg un engem innovative Projet mam Titel „Nächst Statioun“ ze schaffen, dee Famillje mat Kanner oder Schoulklassen aus der Primärschoul uschwätze soll. Mat der Ënnerstëtzung vum Kultur- a vum Educa- tiounsministère entwéckelt ZEILT eng Handysappli- katioun, déi den nationale Patrimoine valoriséieren a Kanner eis kulturell wichteg Plazen zu Lëtzebuerg soll op eng spilleresch an innovativ Aart a Weis méi no bréngen. Den Nationalmusée um Fëschmaart, de Musée Dräi Eechelen an déi réimesch Villa zu Iechter- nach si just e puer vun deene Sitten, déi den Notzer duerno mat deem Outil wäert erfuersche kennen. SKURRIL, AWER SYMPATHESCH FIGUREN Mat deem Tool sollen d’Kanner selwer zum Entdecker ginn an zesumme mat de fir dëse Projet erfonnte Co- mic-Helde méi iwwert d’lëtzebuerger Geschicht a ver- schidde Géigestänn gewuer ginn, déi hinnen op hirem Wee begéinen. D’Figuren, déi duerch d’Applikatioun féieren, sinn éischter ongewéinlech: e Grappvoll Aus- serierdescher, déi méi iwwert eise Planéit Äerd wëlle gewuer ginn – skurril, awer sympathesch. D’Haaptpersonnagë Mish, Klaus a Papish huelen d’User mat op eng Entdeckungsrees a guidéieren se duerch méi oder manner schwéier Quizzer, lëschteg Anekdoten iwwert kulturell oder historesch Faiten, wéi och Missiounen, bei deenen een Indizie kombi- néieren an no bestëmmten Objete siche muss. Am Stil vun engem Videospill kënnen d’Kanner esou op verschidde Statioune Punkte sammelen a weider Spillfunktioune fräischalten. Op all Site gëtt et natierlech aner Geschichten ze entdecken. Zousätzlech zur App ginn och kuerz animéiert Filmercher a Form vun enger Serie gedréint, déi 2020 op RTL Tëlee diffuséiert wäerte ginn. An all Episod huelen déi witzeg gréng Charakteren en aneren Aspekt aus der lëtzebuergescher Geschicht respektiv en anere kulturelle Site ënner d‘Lupp a stellen e fir. Nodeems en Objet vun der Handykamera erfaasst gouf, kruten déi Jonk zousätzlech Informatiounen doriwwer – an natierlech hier wuelverdéngte Punkten am Spill