12 museomag 04 ‘ 2019 „BÉIS ZONGE SOEN: ‘ET GËTT ALL DAG DO THEATER GESPILLT’.“ (1/2) INTERVIEW MAM FRANK HOFFMANN, DIREKTER VUM THÉÂTRE NATIONAL DU LUXEMBOURG (TNL) (v.l.n.r.) Marco Lorenzini, Nora Koenig, René Nuss, Christiane Rausch, Roger Seimetz, Annette Schlechter, Fabio Godinho © éric chenal Ass d’Geschicht vum Wahlrecht e schwieregt Thema fir op enger Bühn? Ech hunn déi Geschicht net wierklech kannt, an a mengem Bekanntekrees ass et genee d’selwecht. Duer- fir ass dat hei eng gutt Opportunitéit, fir mol iwwer déi eege Geschicht nozedenken, well dat ass jo eigentlech d’Basis vun eiser Demokratie. Wéi et zur Aféierung vum allgemenge Wahlrecht koum, dat ass ganz spannend an oft iwwerraschend, zum Beispill, wie fir a wie géint d’allgemengt Wahlrecht war. Fir d’Porte ouverte vun den Institutiounen den 28. September proposéiert d’Chamber déi Kéier eppes ganz Besonnesches: Ënnert dem Titel “Theater an der Chamber! D’Debatten um Wee zum allgemenge Wahlrecht” inzeenéiert den TNL am Plenièressall vun der Chamber historesch Texter zur Aféierung vum allgemenge Wahlrecht. Hei e puer Froen un de Frank Hoffmann, Direkter vum Nationaltheater, zu dësem speziellen Event.