4 museomag 04 ‘ 2019 #wielewatmirsinn – 100 Joer allgemengt Wahl- recht heescht déi nei Ausstellung vum MNHA. Virun 100 Joer gouf d’Wahlrecht erweidert, d’Doku- mentatioun aus där Zäit bis haut esou wéi och e Bléck an d’Zukunft gëtt et vum 26. September u fir 1 Joer am MNHA. #wielewatmirsinn ass awer net nëmmen eng Ausstellung. Fir d’Gesellschaft drop opmierksam ze maachen, gouf et, nieft där klassescher Print- a Social Media-Campagne, och eng Guerilla-Aktioun, mam fiktive Charakter Yves Kinnen an der Haaptroll. Als politeschen Aktivist getarnt, huet hie mat Hëllef vu Stroosseplakater an enger Facebooksäit probéiert, dubios Iddien – fir d’Wahlrecht anzeschränken – ënnert d’Vollek ze bréngen. Een, deen dat Ganzt vun Ufank u mat begleet huet, ass de Chamberspresident Fernand Etgen. Mam Ben Olinger, responsabel mat senger Produktiounsfirma gotcha! fir d’Campagne, huet hien iwwert dës Aktioun, d’Chamber als Partner vun der Ausstellung an iwwert d’Wahlrecht am Allgemenge geschwat. Ugefaangen huet dat Ganzt mam Personnage Yves Kinnen. Wie kennt e mëttlerweil net? Hutt dir den Yves dann och geliked op Facebook? Ech hunn den Yves Kinnen als fiktive Personnage wit- zeg fonnt, ouni en ze liken. Ech konnt mech awer her- no, wéinst der formidabeler Aart a Weis wéi e säi Rôle De Ben Olinger am Gespréich mam Chamberpresident Fernand Etgen © éric chenal „ENG DRÉCHE MATIÈRE OP ENG FLOTT AART A WEIS THEMATISÉIEREN“ (1/2) AM GESPRÉICH MAM CHAMBERPRESIDENT FERNAND ETGEN