28 museomag 02 ‘ 2019 MAM WULLES UM TOUR SÄIT UFANK MÄERZ PROPOSÉIERT DEN MNHA E FUSCHNEIE PARCOURS “LUXEMBOURG FOR KIDS“ FIR KANNER AB 6 JOER Michèle Platt, Responsabel vum Service des Publics am MNHA, an Eva Maringer, Auteur vun der Brochür. © éric chenal De chronologesch opgebauten Entdeckungstour ass iwwert zwielef Statioune verdeelt a soll dem jonke Publikum a senge Begleeder en Abléck an di Lëtzebuergesch Geschicht vermëttelen. De Projet „Luxembourg for Kids“ ass am Kader vun der Année européenne du patrimoine culturel ausgeschafft a vum Kulturministère ënnerstëtzt ginn. Ziel ass et, de Visiteuren eng Méiglechkeet ze bidden, mat de Kanner zesummen de Musée kucken ze kommen an eegestänneg an an hirem Rhythmus ze entdecken. Fir d‘Orientatioun op dësem Parcours ze erliichteren, ass eng Broschür ausgeschafft ginn, déi et a véier verschidde Sprooche gëtt: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Dat handlecht Heft ass grad wéi och den Entrée an de Musée fir Grouss a Kleng gratis. 12 ETAPPEN – 12 THEMEN Op den eenzele Statioune ginn zwielef Objete presentéiert, déi all eng flott Geschicht ze erzielen hunn. Den Tour geet iwwert verschidden Epochen, vun der Steenzäit an der Réimerzäit iwwert d’Mëttelalter an dat industriellen Zäitalter bis hin zur Grënnung vun der europäescher Unioun. Spannend Detailer aus dem Alldagsliewen zu Lëtzebuerg ginn op eng lëschteg a kannergerecht Aart a Weis duergestallt. Fir de Contenu spilleresch ze vermëttele gëtt op all Statioun am Heft eng Aktivitéit ugebueden, déi d’Kanner mat de Bläistëfter déi si geschenkt kréien, kënnen ausfëllen. D‘Aktivitéite sinn ofwiesslungsräich gestalt, aus eng Mëschung aus faarwegmolen, no- zeechnen, observéieren oder Rätsel a Quizfroe léisen. WULLES, DE WËLLE MANN De Wulles, de Maskottche vun dësem Parcours, leed déi jonk Visiteuren duerch d’Dauerausstellung vum Musée a verréit hinnen, op wat si bei den eenzele Statiounen oppasse mussen. De Wulles zielt witzeg Anekdoten a leet zu all Thema säi Pefferkär bäi. D’Iddi vum Wulles baséiert op der Skulptur vum „Wëlle Mann“, déi am Musée ausgestallt ass an déi enk mat der baulecher Geschicht vum Musée verbonnen ass.