31 03 ‘ 2018 museomag BUDDING ARTIST Am Kader vun der éischter Editioun vun de Luxembourg Museum Days den 19. an 20. Mee konnte Grouss a Kleng d’Muséeën uechtert Land entdecken. Op dësem Weekend haten eis Muséeën och e spezielle Programm fir eis jonk Visiteure proposéiert. Am Nationalmusée gouf et nieft de flotte Kanner- a Familljevisiten och zwee Bastelatelieren an deene sech d‘Kanner kreativ austobe konnten. Bijouen am Stil vun Art déco waren nees voll an der Moud, jidderee konnt säin eegenen Accessoire mat faarwege Bännercher, Pärelen, Steng a Fiedere selwer gestalten. Besonnesch déi bont Fiedere si gutt bei de Kanner ukomm. Am Musée Dräi Eechelen sinn net nëmmen d’Kanner op hir Käschte komm, och déi Erwuessen hunn sech amuséiert de Festungsmusée mat de berühmte Lego Bricks nozebauen. Deen, deen et e bëssi manner geckeg wollt, konnt sech eng Ketten aus Bernstein bastelen. De Steen, deen als Gold aus dem Mier bezeechent gëtt, huet awer als éischt missen beschafft ginn. D‘Kanner hunn den Haarz mat grousser Begeeschterung ofgeschlaff a poléiert fir domat hiren individuellen Unhänger ze kreéieren.