31 02 ‘ 2018 museomag BUDDING ARTIST FAMILL NOTERMANS: «NOS DEUX FILLES SE SONT BEAUCOUP AMUSÉES ET ONT PU EXPRIMER LEUR CRÉATIVITÉ.» Am Atelier „Lumi’art“, dee mir reegelméisseg fir Familljen ubidden, geet et ëm méi ewéi just ëm d’Spill mat der Luucht an der Konscht. Grouss a Kleng kënne sech zesummen ameséieren, selwer aktiv ginn a sech selwer als Konschtwierk an Zeen setzen. D’Poséiere virun de Konschtwierker schaaft e neit Gefill fir d’Konscht a setzt d’Bild selwer an e ganz anert Liicht. Nieft den theatraleschen Aspekter gëtt awer och d’Kreativitéit an dësem Atelier grouss geschriwwen. Mat Hëllef vu Luucht, Faarwen a Forme gëtt experimentéiert fir en eenzegaartegt Bild ze projezéieren, dat all Famill ganz individuell gestalten oder souguer selwer d’Haaptroll dra spille kann. FAMILL CAVIGLIA: «L'ATELIER SENSIBILISE SUR L'EFFET DE LA LUMIÈRE, DES COULEURS ET DES TONALITÉS... ET CELA D'UNE MANIÈRE TRÈS LUDIQUE, À TRAVERS DE L'OBSERVATION DES ŒUVRES DU MUSÉE PUIS L'EXPÉRIMENTATION DANS L'ATELIER.» © svenja weber