8 museomag 02 ‘ 2018 Am Kader vum europäesche Joer vum Kultur- ierwen erméiglecht den MNHA senge Visiteuren d’Restauratioun vum Barend Cornelis Koekkoek (1803-1862) sengem Wierk live mat ze erliewen. Haaptacteur bei dëser Aktioun ass d’Restauratrice Simone Habaru, déi sech bei hirer Aarbecht iwwert d’Schëller kucke léisst. Mir hunn dem Simone Habaru bei dëser Geleeënheet e puer Froen zum Restauratiounsvirgank an zu hirem Beruff gestallt. Op wéi eng Problemer kann ee beim Restauréiere stoussen? Wann een sech d’Bild vun noem ukuckt kann een op verstoppte Rëss oder Lächer stoussen, déi een op den éischte Bléck net gesäit. Oft sinn déi schlecht gefléckt an da wäitleefeg iwwermoolt ginn. Et passéiert och mol, datt ënnert alen Iwwermolungen eppes ganz Aneres zum Virschäi kënnt. Dat entdeckt een dann eréischt beim Ofdroe vu Vernis a Retuschen. Eist Zil ass et, déi ursprénglech Molschicht fräizeleeën a just Feelstellen opzefëllen, fir dem Original méi KOMMT A KUCKT EISER RESTAURATRICE IWWERT D'SCHËLLER DEN ATELIER “KUCK DE KOEKKOEK” LEEFT NACH BIS DE 17. AUGUST gerecht ze ginn. Och soll den allgemengen Zoustand vum Bild verbessert ginn. Dat heescht Rëss flécken an d’Spannung vun der Toile erëm an den Equiliber setzen, fir datt d’Wierk déi nächst Joren ouni Bedenke conservéiert an, an dësem Fall, am Musée ausgestallt ka ginn. Wéi ënnerscheet een den Original vun eventuelle spéidere Retuschen? Et muss een sech Schrëtt fir Schrëtt eruntaaschten. Duerch meng Erfarung a meng geschoulten Aen erkennen ech normalerweis den Ënnerscheed an der Matière vun de verschidde Vernis- a Faarfschichten. Et gëtt awer och ëmmer am Virfeld eng detailléiert Recherche gemaach iert iergendeppes um Bild geännert gëtt. D’Molerei gëtt geneestens ënnersicht, ënnert der Lupp oder dem Mikroskop. An der UV Luucht erkennt een déi nogemoolten Zone ganz gutt, well se méi däischter erausstieche wei déi ënnescht Originalcouche. Op engem Calque gëtt da genee opgezeechent op wéi enge Plazen d’Bild retuschéiert ass oder wou et muss gefléckt ginn. Simone Habaru: „Eist Zil ass et, déi ursprénglech Molschicht fräizeleeën a just Feelstellen opzefëllen, fir dem Original méi gerecht ze ginn.“ © éric chenal