35 03 ‘ 2017 museomag behind the sCenes Ët kann een esou gutt virbereet sinn, wéi een wëll – Imprévuën gin ët bei engem Ausstellungsmontage wuel ëmmer: Objete, déi nët eegestänneg an der Vitrinn stoen bleiwen an fixéiert musse ginn, falsch Buchstänner, déi matgeliwwert goufen an déi kuerzerhand ersat mussen ginn, Grafsteng, déi anstatt 50 Kilo mol locker dat duebelt op d’Wo bréngen… Dës (éischter kleng) Problemer goufen vun eiser portugisesch-lëtzebuerger Equipe mat ganz vill Rou, Suergfalt a groussem Professionalismus geléist. Ët kann een wuel behaapten, dass alles reiwungslos verlaf ass an d’Ausstellung mat engem flotten Vernissage opgemaach ginn ass. Ee grousse Merci un all di Bedeelegt och nach eng Kéier vun dëser Platz! Matt dësem klengen Abléck hannert d’Kulissen vun der Ausstellung sidd Dir jo eventuell virwëtzeg ginn, fir Iech d’Resultat ukucken ze kommen? D’Ausstellung ass bis den 15. Oktober 2017 ze gesinn an bitt e ganz flotten Programm (thematesch Visite, Konferenzen, Ateliers, ...). Mir freeën eis op Iech! Fabienne Pietruk