21 02 ‘ 2017   museomag 
budding artist 
© 
éric 
chenal 
e liewegt konschtwierk 
Och an de Vakanze kennt d‘Kreativitéit am Musée 
keng Grenzen. An der Fuesvakanz hunn d’Kanner sech 
skurril Biller am Musée ugekuckt an hunn dono d’Zäit 
am Atelier genotzt fir sech selwer an e Konschtwierk ze 
verwandelen. Mat vill Faarf a verschiddene Materialien 
goufe grouss Biller erschaf, déi een dono als Konscht- 
wierk konnt undoen. 
De Kanner huet den Atelier gutt gefall an d‘Resultat 
konnt sech weise loossen. 
d’mandy (9 Joer) huet gemengt: 
„dat flottst um atelier ass, dass e 
selwer eppes mole kann“. 
de loïc (9 Joer) war der meenung: 
„et ass vill méi flott am musée ze 
schaffe wéi an der schoul“.