25 01 ‘ 2017 museomag budding artist © mnha / tom lucas de kale kriCh vu sChüler fir sChüler D‘4ième CLA6 aus dem Lycée Ermesinde hat d‘Iddi de 7ième a 6ième Klassen d‘Geschicht vum Kaale Krich méi no ze bréngen. Si hu sech gutt informéiert, koumen d’Expo an de Musée kucken an hunn nach weider an der Klass recherchéiert. Froe wéi: „Wat ass de kale Krich a wéini war en?“ goufe liicht beäntwert. Dono hu si hir Matschüler an den MNHA agelueden an hinnen erklärt, dass Amerika an d’sowjetesch Unioun politesch wéi sozial ënnerschiddlech Usiichten haten. An all Sall kruten d‘Schüler d‘Politik vu Lëtzebuerg an der Zäit méi no bruecht. Déi Meescht hu sech fir d’Spionage an d’Geheimdéngschter interesséiert. Parallel hu si de Kierfecht vun Hamm besichtegt. D‘Aha-Erliefnisser bei de 4ième Schüler waren: luka: „ech wousst net dass lëtzebuerg sou an der logistik involvéiert war“ mil: „ech war ganz vun de geheimdéngschter geflasht. spannend, dass kee vun deem anere wousst“ Caroline: „interessant wéi en ureiz amerika op europa huet“ Alleguerten hu se gemengt: „1989 war de Fall vun der Berliner Mauer e grousst Symbol, mee et gouf kee konkreten Datum oder Event wéini de kale Krich genau eriwwer war“.