29 02 ‘ 2016 museomag and the Winner is... Am Kader vum dësjäerege Media Awards Concours huet d’Agence 101Studios vun Déifferdeng de Publikumspräis gewonnen an der Kategorie „Presse“ mat der Campagne, déi si fir den MNHA an Optrag kruten: „No More Excuses“ huet d‘Erëffnung vum Wiltheim-Fligel staark geprägt. Mir hun dem 101Studios-Team (Daniel Clarens, Marc Laroche an Claire Thill) dräi Froë gestallt. Wat huet dëse proJet «réouver- ture aile Wiltheim» fir iech bedeit? 101Studios huet als laangjärege Partner dem Musée seng Besoinën a Projetë scho gutt kannt, an esou konnte mir eis direkt mat dëser Iddi identifizéieren. Sou as dës Campagne zu engem Häerzeprojet gi wou mir eis Aarbecht mat eiser Kreativitéit, Freed a Spaass verbanne konnten. Fir eis jonk Entreprise war et déi éischt crossmedial Campagne op nationalem Niveau, wou mir d’Chance haten nët nëmmen e nationale Client ze hun, mee e Partner, deen eis dat vollste Vertraue geschenkt an eis nët an eiser kreativer Entfalung gestoppt huet, deen eis encouragéiert huet, méi wäit ze goen. Wat representéiert dëse präis fir iech? De Präis as déi konsequent Belounung a representéiert och dat egentlecht Ziel: Beim Publikum, bei de Leit dobausse gutt ukommen. Oft verkënnt eng Campagne zu enger Strategie a Publicitéitsschluecht. Mir hun en extreme Fokus dorobber geluegt, de Message esou kloer an esou pointéiert wéi méiglech kënnen duerzestellen an dem Musée eng nei Touche ze gin. D’Publikum huet dëst gewierdegt an doriwwer si mer houfreg. huet sech eppes Zënter dëser un- erKennung fir iech geännert? Eis Kär-Kompetenze leien an der Higab zu engem Projet. Mir gin eis Aarbecht mat der gläicher Präzisioun a Leidenschaft u wéi virdrun. D’Philosophie vun 101Studios as dorobber ausgeriicht dem Client eng moossgeschneidert Léisung ze bidden, an dëst wäerte mir och bäibehalen. Dem Client seng Problemer sin eis Erausfuerderungen. Dat Eenzegt wat sech geännert huet as dass ët der elo vläicht e puer méi gin. © éric chenal