21 01 ‘ 2015   museomag 
BUDDING 
ARTIST 
Am Kader vun hierem Schoulprogramm huet d’Klass (cycle 3.2) vun der Joffer Laura Diederich vu Bäreldéng un 
engem Konschtatelier am MNHA deelgeholl. Um Programm: „L’art en miroir“, en Atelier deen d’Renée Majerus, 
Médiatrice am Nationalmusée, geleed huet. No enger Aféierung iwwert dem Van Gogh seng Konschtwelt sin 
d’Kanner erausgefuerdert ginn hiert eegent Zëmmer op eng kreativ Manéier duerzestellen 
a Form vun enger 3-D Maquette. 
De Raphaël mécht scho fir d‘Zweet bei engem MNHA-Atelier mat; 
eng Erfarung déi hie mat Freed widderholl huet. 
„DAT WAR GANZ FLOTT. 
ET HUET MIR SPAASS GEMAACH. ECH GÉIF GÄREN DAT 
OCH ERËM DOHEEM NOBASTELEN.“ 
RAPHAËL, 10 JOER 
© 
éric chenal