DUCHFABRIK ZU ESCH-SAUER Schonn am 16. Joerhonnert gouf et zu Esch-Sauer eng Weberzunft. 1807 riicht de Martin Schoetter-Greisch eng Walkmaschinn an 10 Joer méi spéit eng Spannmaschinn op. 1866 gëtt de Betrib vergréissert fir all noutwenneg Aarbechtsschrëtt vun der Duchproduktioun ze erméiglechen. 1975 mécht d’Duchfabrik hir Dieren zou mee mat der Relance vun der Hierstellung vu Wollproduiten kritt se rëm hir ursprénglech Bestëmmung. Esou kënnen haut déi restauréiert Maschinne besicht ginn déi och nach reegelméisseg a Betrib sinn. 14.06 | 14:30-16:00 | LU 15.03 | 14:30-16:00 | FR 3 € (< 21 Joer gratis) Op Umeldung Start: Maison du Parc 15, rue Lultzhausen L-9650 Esch-Sauer D’INDUSTRIEGESCHICHT VU WOLZ D’Wëlzer Industriegeschicht geet zeréck bis an d’16. Joerhonnert. Si betrëfft vill ënnerschiddlech Handwierker, ënner anerem Giewereien, wéi zum Beispill d’Tannerie Idéal oder Lambert, déi nach bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert Lieder hiergestallt hunn. Och d’Duchfabricken hunn eng grouss Roll gespillt, sou goufen et 1833 schonn 100 Wiewereien. 1824 ass d’Brauerei Simon vum Gierwer Georges Pauly gegrënnt ginn. Op dësem Trëppeltour begi mer eis op d‘Spuere vun der wirtschaftlecher an industrieller Entwécklung vun enger vun de wichtegste Stied vum Grand-Duché am 19. Joerhonnert. 27.09 | 14:30-16:30 | LU 8 € (< 21 Joer gratis) Op Umeldung Start: Gare Avenue de la Gare L-9540 Wolz Arrivée: Musée national d’art brassicole 35, rue du Château L-9516 Wolz Außerhalb des Museums ANMELDUNGEN ÜBER TELEFON ODER E-MAIL: +352 47 93 30-214/-414 SERVICEDESPUBLICS@MNAHA.ETAT.LU